Chamberwale vum 26. Oktober 1919

Bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 handelt et sech ëm déi éischt Chamberwalen zu Lëtzebuerg, mat allgemengem Walrecht, bei deenen 48 Deputéiert fir an d'nationaalt Parlament gewielt goufen: Eng éischt Kéier hunn och, sou wéi vun Konstitutivversammlung vun 1918 bestëmmt, d'Fraen däerfe wielen, an eng éischt Kéier gouf et keng Restriktiounen, datt ee misst eng bestëmmt Zomm Steiere bezuelen, fir däerfe wielen ze goen (Zensus-Walrecht).

Reproduktioun vum Walziedel fir den 1. Walbezierk (Süden) den Dag virun de Walen am Tageblatt

Kontext an Ausgang

änneren

D'Allgemengt Walrecht war eng laangjäreg Revendicatioun vun de Sozialisten, an d'Ironie vun der Geschicht wëll et, datt duerch säin Aféieren ausgerechent hire politesche Géigner, d'Rietspartei, staark profitéiert huet: Obwuel d'Zuel vun de Sëtz vun 53 op 48 erofgaange war, konnt d'Rietspartei hiert Resultat vun 18 op 27 Sëtz ëm d'Hallschecht verduebelen an domat d'absolut Majoritéit kréien.[1] Si huet sech dann och an der Folleg als traditionell stäerkst Partei am Land kënnen etabléieren.

Mat der Marguerite Thomas-Clement aus der Sozialistescher Partei ass och fir d'éischt Kéier eng Fra an d'Chamber gewielt ginn.[1]

Alterspresident ass den Alphonse Eichhorn aus der Rietspartei ginn.[1]

Resultater

änneren
Resultater vun de Chamberwale vum 26. Oktober 1919[1]
Partei Sëtz Ännerung
  Rietspartei 27 +9
  Sozialistesch Partei (oder Sozialistesch Lëscht) 9 +5
  Liberal Liga (oder Radikal Lëscht) 7 +5
  Onofhängeg Nationalpartei (oder Partei Prüm) 3 +1
  Fräi Vollekspartei (oder Vollekspartei) 2 onverännert
  Kartelllëscht 1 /
  Lëscht Mark 0 /
  Lëscht Joh. Kayser 0 /
  Onofhängeg Aarbechterpartei 0 /

/: nei Partei

Sëtz no Walbezierk

änneren
Sëtz no Walbezierk[1]
Partei / Lëscht Zentrum Süden Norden Osten Total
Rietspartei 6 7 8 6 27
Sozialistesch Partei 3 4 1 / 8
Liberal Liga 4 3 / / 7
Onofhängeg Nationalpartei / / 3 / 3
Fräi Vollekspartei 0 2 0 / 2
Kartelllëscht / / / 1 1
Lëscht Mark / 0 / / 0
Lëscht Joh. Kayser / 0 / / 0
Onofhängeg Aarbechterpartei / 0 / / 0
Total 13 16 12 7 48

/: keng Kandidaten an deem Bezierk

Gewielt Deputéiert

änneren

Gewielt goufen (Situatioun virun der Ernennung vu Ministeren):[1],[2][3]

Deputéiert an der Chamber no de Wale vum 26. Oktober 1919
Numm Partei Walbezierk
Eugène Dondelinger Rietspartei Süden
Pierre Dupong Rietspartei Süden
Edouard Kirsch Rietspartei Süden
Nicolas Wirtgen Rietspartei Süden
Eugène Steichen Rietspartei Süden
Alphonse Bervard Rietspartei Süden
Albert Wagener Rietspartei Süden
François Altwies Rietspartei Zentrum
Albert Philippe Rietspartei Zentrum
Raymond de Waha Rietspartei Zentrum
Nicolas Jacoby Rietspartei Zentrum
Alphonse Eichhorn Rietspartei Zentrum
Jean-Pierre Kohner Rietspartei Zentrum
Auguste Thorn Rietspartei Osten
Joseph Bech Rietspartei Osten
Albert Dühr Rietspartei Osten
Mathias Huss Rietspartei Osten
Adolphe Klein Rietspartei Osten
Lamoral de Villers Rietspartei Osten
Eugène Hoffmann Rietspartei Norden
Pierre Schiltz Rietspartei Norden
Nicolas Meyers Rietspartei Norden
Auguste Delaporte Rietspartei Norden
Antoine Hansen Rietspartei Norden
Jean Gérard Rietspartei Norden
Nicolas Klein Rietspartei Norden
Mathias Jungers Rietspartei Norden
Pierre Krier Sozialistesch Partei Süden
René Blum Sozialistesch Partei Süden
Adolphe Krieps Sozialistesch Partei Süden
Joseph Thorn Sozialistesch Partei Süden
Michel Schettlé Sozialistesch Partei Zentrum
Marguerite Thomas-Clement Sozialistesch Partei Zentrum
Venant Hildgen Sozialistesch Partei Zentrum
Othon Decker Kartelllëscht Osten
François Erpelding Sozialistesch Partei Norden
Aloyse Kayser Liberal Liga Süden
Albert Clemang Liberal Liga Süden
Georges Ulveling Liberal Liga Süden
Nicolas Ludovicy Liberal Liga Zentrum
Robert Brasseur Liberal Liga Zentrum
Gaston Diderich Liberal Liga Zentrum
Norbert Le Gallais Liberal Liga Zentrum
Pierre Prüm Onofhängeg Nationalpartei Norden
Théodore Boever Onofhängeg Nationalpartei Norden
Bernard Krack Onofhängeg Nationalpartei Norden
Pierre Kappweiler Fräi Vollekspartei Süden
Bernard Herschbach Fräi Vollekspartei Süden

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 1,5 "Die Kammerwahlen vom 26. Oktober." Luxemburger Wort Nr. 272, 29. Oktober 1919, S.1.
  2. Zu den Wahlen. Endgültiges Wahlresultat., Tageblatt vum 29. Oktober 1919, S. 2
  3. Wahl-Ergebnisse., Luxemburger Wort vum 30. Oktober 1919, S. 1