Peggy Regenwetter

lëtzebuergesch Sportlerin

D'Peggy Regenwetter, gebuer de 16. Februar 1971 zu Péiteng, ass eng fréier lëtzebuergesch Dëschtennisspillerin an Olympionickin.[1]

Peggy Regenwetter
Gebuer 16. Februar 1971
Péiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dëschtennisspiller
Famill
Papp Jean Regenwetter

Sportlech Karriär

änneren

Vun 1987 bis 2009 huet d'Peggy Regenwetter 38-mol d'Lëtzebuerger Nationalmeeschterschaft gewonnen, dorënner 14-mol am Eenzel an all 12-mol am Dubbel an am Mixte. Si huet an där Zäit fir Veräiner zu Monnerech, Uewerdonwen, Diddeleng an Nidderkäerjeng gespillt.

Si war tëscht 1987 an 2004 international aktiv an huet op eelef Weltmeeschterschaften an op d'mannst véier Europameeschterschafte matgemaach. Zesumme mat der Ni Xia Lian koum si op der Europameeschterschaft 2000 an d'Finall am Dubbel. Sie huet sech am selwechter Joer och fir d'Olympesch Spiller zu Sydney qualifizéiert. Ënner 34 Koppelen aus 25 Natioune konnt d'Ekipp Regenwetter - Xia Lian sech fir d'Aachtelsfinall qualifizéieren, se ass awer géint d'Australierinne Miao Miao / Shirley Zhou eliminéiert ginn.

2000 gouf d'Ekipp Regenwetter - Xia Lian mam Präis „Lëtzebuergesch Sportsekipp vum Joer“ ausgezeechent.

Privates

änneren

D'Peggy Regenwetter huet fir Spillschoulsjoffer geléiert an zu Diddeleng geschafft.

Si ass d'Duechter vum Jean Regenwetter, dee President vum nationale Vëlosverband vu Lëtzebuerg war, an huet zesumme mam Judoka an zweemolegen Olympionik Igor Muller e Bouf.

Kuckt och

änneren

Literatur

änneren
  • Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 80-81. ISBN 978-2-9599734-5-1

Referenzen

änneren
  1. D'Peggy Regenwetter op der Websäit sports-reference.com