Tamara Kapp

lëtzebuergesch Multimedia-Kënschtlerin

D'Tamara Kapp, gebuer de 16. September 1971 an der Stad Lëtzebuerg ass eng lëtzebuergesch Multimedia-Kënschtlerin a Musekerin.

Tamara Kapp
Gebuer 16. September 1971
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Videokonscht, Museker

Vun 1993 bis 1999 huet si op der Staatlicher Akademie der Bildenden Künste zu Stuttgart studéiert.

1999 gouf si um Salon vum Cercle artistique de Luxembourg mam Prix d'encouragement aux jeunes artistes ausgezeechent an 2001 mam Prix du Ministère de la Culture op der Quinquennale d'Esch-sur-Alzette.

1997 huet si autodidaktesch ungefangen E-Bass ze leieren an 2014 Batterie.

Vun 2006 bis 2014 huet si als one-woman-band "Singsong-Girl" Videokonscht a Musek presenteiert.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren