Triny Bourkel

lëtzebuergesch Liichtathleetin an Olympionickin

D'Catherine, genannt Triny Bourkel, gebuer de 16. Abrëll 1927 a gestuerwen den 21. Februar 2019[1], war eng lëtzebuergesch Liichtathleetin an Olympionickin.[2]

Triny Bourkel
Gebuer 16. Abrëll 1927
Lëtzebuerg
Gestuerwen 21. Februar 2019
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Héichsprénger
Gréisst 170 Zentimeter
Gewiicht 60 kg

Mat hirer Frëndin Milly Ludwig war d'Triny Bourkel Member vum Cercle de sports Union Dudelange (CSUS); hiren Trainer war den Nicolas Mohr. Nodeem si 1943 mat der Liichtathleetik ugefaangen hat, huet si 1945 mat 1,45 m den éischte Lëtzebuerger Rekord am Héichsprong opgestallt. Op der Europameeschterschaft zu Oslo huet si den 22. August 1946 d'Sëlwermedail knapp verpasst; si ass 1,57 m héich gesprongen a war domat déi Sechst ënner zéng Konkurrentinnen. D'Athletinnen op de Plazen zwee bis sechs sinn alleguer 1,57 m héich gesprongen an d'Klassement ass de Reegelen no op Basis vun de Feelversich opgestallt ginn. Europameeschtesch gouf iwwerraschenderweis – mat engem Sprong iwwer 1,60 m – d'Franséisin Anne-Marie Colchen, déi als Basketballspillerin vill méi bekannt war.

Beim éischte Versuch vun der Triny Bourkel fir iwwer 1,60 m ze sprangen, huet d'Lat laang gewackelt ier s'erofgefall ass, sou datt dëse Versuch ongëlteg war. De Lëtzebuerger Rekord vun 1,57 m bestoung 24 Joer laang, bis d'Monique Ross en 1970 ëm een Zentimeter op 1,58 m verbessert huet.

Si huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London vertrueden. Ënner 19 Konkurrentinnen aus 10 Natioune koum si op déi 14. Plaz mat engem Sprong vun 1,47 m.

Kuerz no den Olympesche Spiller ass d'Triny Bourkel bestuet ginn an hir Karriär als Liichtathletin war dunn eriwwer. No hirer aktiver Karriär war si Trainerin beim CA Diddeleng.

D'Triny Bourkel ass Mamm vun engem Meedchen (*1950) an engem Bouf (*1959).

No hir genannt

änneren

Als Erënnerung un d'Liichtathleetin gouf zu Diddeleng eng Strooss no hir genannt: d'Rue Triny Bourkel.

Auszeechnungen

änneren

Kuckt och

änneren


Referenzen

änneren
  1. Doudesannonce op memento.lu.
  2. D'Triny Bourkel op der Websäit vu sports-reference.com
  3. Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 36-37. ISBN 978-2-9599734-5-1
  4. 30-06-2008:Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur