Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter: Ënnerscheed tëscht de Versiounen
k k |
k k |
||
Linn 36: | Linn 36: | ||
|[[Fichier:BSicon ABZgr.svg|20px]] || Ofzweigung [[Bierchem]] / [[Fenteng]] || 5,0 |
|[[Fichier:BSicon ABZgr.svg|20px]] || Ofzweigung [[Bierchem]] / [[Fenteng]] || 5,0 |
||
|- |
|- |
||
|[[Fichier:BSicon emKRZu.svg|20px]] || |
|[[Fichier:BSicon emKRZu.svg|20px]] || |
||
| |
| |
||
|[[Fichier:BSicon emKRZu.svg|20px]] ||[[CR157]] || 6,3 |
|||
|- |
|||
|[[Fichier:BSicon emKRZu.svg|20px]] ||[[Nationalstrooss 3|N3]] ||6,88 |
|||
|- |
|- |
||
|[[Fichier:BSicon WBRÜCKE1.svg|20px]] |
|[[Fichier:BSicon WBRÜCKE1.svg|20px]] |
Versioun vum 21:16, 2. Jul. 2024
En Zuch vun der Linn 3 dee wéinst engem Schantjen iwwer d'Éiter-Streck (Linn 4) ëmgeleet gëtt | |
Streckekaart vun der Linn 4 | |
Linnennummer | 4 |
---|---|
Besëtzer | Lëtzebuerg |
Bedreiwer | CFL |
vu(n) | Gare Lëtzebuerg |
op | Gare Éiter |
iwwer | Bierchem, Siren |
opgaangen | 1918 |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 16,2 km |
Gréisst Steigung | 12 ‰ |
Klengste Radius | 300 m |
Spuerbreet | Normalspuer |
Streckentyp | eegleiseg |
Vitesslimitatioun | 60 km/h, 120 km/h |
Zuchsécherungssystem | European Train Control System |
Garen - Uschlëss - Brécken Tunnellen - Barriären |
PK | |
Uschloss: Waasserbëlleg Uschloss: Ettelbréck - Ëlwen |
||
Gare Lëtzebuerg | 0,0 | |
N3 (Diddenuewener Strooss) | ||
Lëtzebuerg-Triage | 1,3 | |
Uschloss Gare Hollerich-Zwickau |
||
B 3 | ||
Tunnel Rangwee | ||
Tramsbréck | 2,1 | |
Gare Houwald | 2,2 | |
CR231 | ||
A1 | ||
Feldwee Grousseweier | ||
Feldwee Duelem | ||
Vizinalstrooss Fenteng - Kockelscheier | ||
Ofzweigung Bierchem / Fenteng | 5,0 | |
CR159 Uelzecht |
5,25 | |
CR157 | 6,3 | |
N3 | 6,88 | |
Bréck iwwer d'Déilbaach | ||
Tunnel Gelsbierg | ||
Bréck iwwer d'Teudlerbaach | ||
Gare Siren | 11,4 | |
CFL-Linn 3 | ||
Gare Éiter | 16,2 |
D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter ass eng eegleiseg Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vu Lëtzebuerg iwwer Bierchem a Siren op Éiter.
D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.
Linn
D'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter gëtt als Linn 4 bezeechent; se gëtt haaptsächlech fir de Gidderverkéier aus oder a Richtung Däitschland benotzt, dee bal komplett iwwer dës amplaz iwwer d'Streck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg fiert.
D'Persounenzich tëscht (Tréier), Waasserbëlleg a Lëtzebuerg fueren awer och deelweis iwwer d'Streck. Am Fall vun enger Stéierung oder wéinst Aarbechte kann awer och de ganzen Trafic tëscht Éiter a Lëtzebuerg iwwer d'Alternativstreck ëmgeleet ginn.
Geschicht
Schonn zanter den 1890er war d'Kapazitéit op der eegleiseger Streck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg, déi der Guillaume-Luxembourg (GL) gehéiert huet, ausgelaascht. De Grond war virun allem de Gidderverkéier aus de Lëtzebuerger Schmelzen, dee staark an d'Luucht gaangen ass. Et gouf deemno driwwer nogeduecht, d'Streck zweegleiseg auszebauen. Et huet sech awer séier erausgestallt, datt et besser wier, eng alternativ Streck iwwer Bierchem ze bauen, déi engersäits ëm ca. 10 km méi kuerz war an anersäits och manner Steigungen hat[1].
De Guillaume-Luxembourg hat awer keen Interessi un der neier Verbindung, absënns well duerch déi méi kuerz Streck, manner Recetten erakomm wieren. Dowéinst wollt d'Administration des chemins de fer d'Alsace et de Lorraine (déi och d'Strecke vum GL bedriwwen huet) déi nei Streck selwer bauen. En entspriechende Staatsvertrag gouf am November 1902 ënnerschriwwen, ma geschitt ass uganks awer näischt.
Eréischt 1907 gouf ugefaangen déi geplangt Streck auszemoossen an déi Aarbechten hu bis 1913 gedauert. Am selwechte Joer gouf och d'Finanzéierung ugeholl. 1915 hunn d'Aarbechten du schlussendlech ugefaangen. D'Baupläng goufen zwar fir en zweegleisegen Ausbau opgestallt, ma fir dat zweet Gleis bestoung nach keng Konzessioun. Nom Ausbroch vum Éischte Weltkrich an den Transporter déi doduerch iwwer d'Streckennetz vum GL hu missen assuréiert ginn, war déi eegleiseg Streck Lëtzebuerg–Éiter via Bierchem komplizéiert wat de Materialtransport ugaangen ass. D'Alternativstreck hat ouni Verbindungskéier a Richtung Lëtzebuerg kaum Wäert fir déi däitsch Arméi, an dowéinst gouf 1917 - ouni rechtlech Basis - mam Bau vun der Verbindungskéier bei Fenteng ugefaangen. Zur gläicher Zäit gouf och den Deel vun der Verbindungskéier bis an d'Gare Lëtzebuerg op dräi Gleiser ausgebaut. Am Hierscht 1918 waren d'Aarbechten sou gutt wéi ofgeschloss.
D'Elektrifikatioun vun der Streck gouf 1956 beschloss, mam elektresche Betrib konnt 1959 ugefaange ginn.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Éiter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Donnéeën iwwer d'Streck: Réseau Ferré Luxembourgeois - Document de Référence du Réseau 2024, Version 2.0.
Referenzen an Notten
- ↑ Federmeyer, E., & Pasquali, Pierre. (2007). Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode Luxembourg: W. Herdam Fotoverl. G.A.R., Band 1, S. 267