Op den Inhalt sprangen

ISBN

Vu Wikipedia
Versioun vum 09:02, 4. Jul. 2009 vum Christian Ries (Diskussioun | Kontributiounen) (nei Säit).
(Ënnerscheed) ← Méi al Versioun | Aktuell Versioun (Ënnerscheed) | Méi rezent Versioun → (Ënnerscheed)

ISBN ass d'Ofkierzung fir d'international Standardbuchnummer (englesch: International Standard Book Number), eng Nummer, déi et erlaabt, Bicher eendeitig z'identifizéieren. D'ISBN baséiert op d'international Norm ISO 2108 aus dem Joer 1972. Fir Zäitschrëften a Publikatiounsserien gëtt déi manner bekannten ISSN (engl. International Standard Serial Number) agesat.