Op den Inhalt sprangen

Benotzer Diskussioun:Wwikix

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia
Moie Wwikix,

wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Villmools Merci fir Äert Intressi un der Wikipedia! Mir schaffen hei zesummen dorun, eng fräi zougänglech, gratis, neutral a méiglechst ausféierlech Enzyklopedie a Lëtzebuerger Sprooch op d'Been ze setzen. All Mataarbecht ass wëllkomm, déi dëst Zil méi no bréngt: sief dat, en Tippfeeler ze verbesseren, eng Informatioun dobäizesetzen oder z'aktualiséieren, oder carrement en neien Artikel ze schreiwen!
Fir datt d'Artikelen e Minimum un Eenheetlechkeet hunn, an och, fir Krittären ze hunn, wat heihi gehéiert a wat net, hu mer eis eng Rëtsch Reegelen oder Konventioune ginn.
Wann Dir hei ganz nei sidd, huelt Iech wgl. een Ament Zäit, fir hei drënner ze liesen, wéi een déi éischt Schrëtt mécht. Loosst Iech awer net doduerch ofschrecken: et ass manner komplizéiert, wéi et op den éischte Bléck ausgesäit! Aner Mataarbechter paken och am Ufank gär eng Hand mat un, wat Formatéierungen oder Zweiwele mat der Orthographie ubelaangt. Et gëtt keen hei gestengegt, wann e sech iert ;-) Déi wichtegst "Reegel" ass: "Sief kéng!"
Éischt Schrëtt

An e puer Schrëtt léieren, wéi een en Artikel uleet oder ännert.

Sandkaul
Fir mam Layout z'experimentéieren, ouni "richteg" Säiten op d'Kopp ze geheien.
Reegelen a Konventiounen
Rotschléi fir dëst an dat.
Staminee
Fir Froen oder Commentairen iwwer d'Wikipedia.
Wat Wikipedia net ass
Dacks gemaacht Feeler oder Mëssverständnesser.
Dacks gestallt Froen (FAQ)
Äntwerten op déi heefegst Froen.
Wéi ee Lëtzebuergesch schreift
Eis Schreifweis einfach an an e puer Punkten erkläert.

Dës Säit ass Är perséinlech Diskussiounssäit. All Mataarbechter huet sou eng, an et ass d'Plaz, fir Messagë vun anere Mataarbechter ze kréien, resp. ze hannerloossen. Wëllt Dir engem anere Mataarbechter schreiwen, maacht dat op senger Diskussiounssäit, an ënnerschreift mat 4 Tilden (sou: ~~~~) oder klickt op e Knäppche wéi deen hei: . Ofgeschéckt gëtt da mam Klicken op "Säit späicheren".
Vill Spaass, an op eng gutt Zesummenaarbecht!


Instelstaaten[Quelltext änneren]

Moien,

Mir wollten d'Inselstaate vun Unfank un als alphabetesch Kategorie vun deene Staten do stoen hunn. Wat stéiert Iech dodrun. ?? --Les Meloures (Diskussioun) 16:27, 19. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]

Kategorie:Länner an der Karibik => Kategorie:Inselstaaten Wwikix (Diskussioun) 16:30, 19. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Dat hunn ech gesinn. Awer dat ass keng Äntwert op meng Fro.! --Les Meloures (Diskussioun) 17:34, 19. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Steet schon uginn. Wwikix (Diskussioun) 17:44, 19. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Wat steet schonn uginn??? --Les Meloures (Diskussioun) 17:47, 19. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Kategorie:Länner an der Karibik => Kategorie:Inselstaaten. Wwikix (Diskussioun) 17:48, 19. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Ech hunn Iech eng Fro gestallt op déi ech gär eng Äntwert hätt oder verstitt dir d'Fro net net. --Les Meloures (Diskussioun) 17:50, 19. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Ech wäert se erëm zouloossen. Wwikix (Diskussioun) 10:37, 20. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]

Kategorie:Natierlech Géigenden[Quelltext änneren]

A wat stéiert Iech un der Kategorie : Natierlech Géigenden ???? --Les Meloures (Diskussioun) 17:34, 19. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Kategorie:Natierlech Géigenden => Kategorie:Géigenden. Wwikix (Diskussioun) 17:39, 19. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Dat ass och keng Äntwert op meng Fro !! Wann ech keng Äntwert kréien dann denken ech sou loues drun, fir mol en kleng Spär anzeleeën. ! --Les Meloures (Diskussioun) 17:42, 19. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Et ass onnéideg. Wwikix (Diskussioun) 17:44, 19. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Wat ass onnéideg ??? Wëllt der mech fir domm halen oder bréngt dir et net fäerdeg fir eng uerdentlech Äntwert ze ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 17:48, 19. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Kategorie:Géigenden genuch ass. Wwikix (Diskussioun) 17:52, 19. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
An dat decidéiert Dir einfach esou. Ass Iech net an d'Kopp komm, datt et verschidden Zorte vu Géigende ka ginn, administrativer, historescher, natierlecher a.s.w. ??? --Les Meloures (Diskussioun) 17:57, 19. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Gutt sinn. Wwikix (Diskussioun) 10:42, 20. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]

Koordinaten[Quelltext änneren]

De coord dms uewen bleift iwwer dem Artikel stoen. --Les Meloures (Diskussioun) 17:57, 19. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]

Net méi héich. Wwikix (Diskussioun) 17:59, 19. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Wat heescht net méi héich ????? --Les Meloures (Diskussioun) 18:00, 19. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Am Fall vun der Säit. Wwikix (Diskussioun) 11:03, 20. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
A wat soll dat dann lo heeschen. --Les Meloures (Diskussioun) 11:11, 20. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Keng eidel Plaz méi héich. Wwikix (Diskussioun) 11:12, 20. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Keng eidel Plaz méi héich. Wwikix (Diskussioun) 11:12, 20. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Wat ass mat der eideler Plaz méi héich. Wat stéiert Iech dodrun. Déi gëtt et an all Wiki. Oder wëllt Dir lo iwwer eppes bestëmmen wat vun der Wikipediacommunautéit decidéiert gouf a lo scho jorelaang sou funktionnéiert. Wann dir do eppes ännere wëllt da frot dat mat enger Motivatioun um Stamminet. --Les Meloures (Diskussioun) 11:27, 20. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Et war nëmmen eng Empfehlung. Wwikix (Diskussioun) 11:29, 20. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]
Ok, da sinn ech sécher blann. Ech hat et nämlech als Ännerung gesinn. --Les Meloures (Diskussioun) 11:39, 20. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]

Meloures, et ass dach blatant datt den User wwikivx kee Lëtzebuergesch versteet, villäicht versichst du et mat Englesch??? 85.94.240.87 11:15, 20. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]

Oder vläicht mat Japansesch oder Russesch. Kéint hien eis dann net vläicht soen a waterenger Sprooch mir solle mat him schwätzen da kéinte mir him och soen water Topereien hie soll op der Säit loossen --Les Meloures (Diskussioun) 11:27, 20. Feb. 2019 (UTC)[äntweren]