Dettifoss
Ausgesinn
![](https://cdn.statically.io/img/upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/0/03/Iceland_Dettifoss_1972.jpg/170px-Iceland_Dettifoss_1972.jpg)
Den Dettifoss ass e Waasserfall am Norde vun Island. Der Waasserquantitéit no, ass et de gréisste Waasserfall an Europa.
30 Kilometer ier de Gletscherfloss Jökulsá á Fjöllum an d'Arktescht Weltmier leeft, passéiert en e puer Waasserfäll, dobäi no dem 11 Meter héije Selfoss den Dettifoss. Iwwer eng Breet vun 100 Meter an eng Héicht vu 44 Meter leeft dat gréng-brongt Waasser an d'Jökulsárgljúfur-Schlucht.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Dettifoss – Biller, Videoen oder Audiodateien |