Op den Inhalt sprangen

Wale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
E Walziedel gëtt an d'Urn gehäit

Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 2024 goufen déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 2024-2029 vertrieden.

Si goufen den 9. Juni 2024 ofgehalen[1], parallel zu deenen an den aneren EU Länner, déi tëscht dem 6. an 9. Juni 2024 organiséiert goufen[2].

D'CSV krut mat 21,9 % vun de Stëmmen 2 Sëtzer, D'LSAP (21,7 %), d'DP (18,3 %), déi Gréng (11,8 %) an d'ADR (11,8 %) jee 1. Par Rapport zu de Wale vun 2019 krut d'DP ee Sëtz manner, iwwerdeems d'ADR fir d'éischte Kéier een Deputéierten op Stroossbuerg schécke kann.

Am Ganzen hunn 78 Kandidaten (44 Männer a 34 Fraen) op de Lëschte vun 13 Parteie kandidéiert. Den Altersduerchschnëtt vun de Kandidate louch bei 45 Joer; de jéngste Kandidat war 19 an den eelsten 72 Joer al[3].

Muster vun engem Walziedel mat alle Kandidaten

Den 11. Abrëll 2024 goufen d'Nummere fir déi 13 Lëschten, déi bei den Europawalen untrieden, ausgeloust, mat dësem Resultat:[4]

D'Wale fir d'Europaparlament sinn zu Lëtzebuerg obligatoresch fir Wieler tëscht 18 a 75 Joer. Och Bierger vun aneren EU-Staaten, déi op d'mannst 2 Joer zu L��tzebuerg wunnen, kënne sech op d'Wielerlëschten androen a matwielen. Si dierfen dann awer net och nach am Land, wou se hierkommen, wielen.

Bréifwal ass méiglech.

Nom lëtzebuergesche Walgesetz däerf all Wieler maximal sou vill Stëmme ofginn, wéi Sëtz ze verdeele sinn, deemno 6. Déi kënnen all un eng Partei goen (duerch d'Schwäerze vum Rondel iwwer der Lëscht) oder u verschidde Kandidate verdeelt ginn (maximal 2 Stëmme pro Kandidat), déi op der selwechter oder op verschiddene Lëschte stinn („Panachage“).

D'Walbedeelegung louch bei  %.

D'CSV gouf mat 22,91 % déi stäerkst Partei, d'LSAP mat 21,72 % déi zweetstäerkst, dono koum d'DP mat 18,29%, sou wéi déi Gréng an d'ADR mat allebéid 11,76 %. D'CSV krut 2 Sëtzer, un déi aner 4 Parteie goung jee ee Sëtz. Déi aner 8 Parteien, déi kandidéiert hunn, kruten net genuch Stëmme fir e Sëtz.

Am Eenzele kruten d'Parteien déi heite Resultater:

Europawal zu Lëtzebuerg 2024
Partei Europapartei Fraktioun am EP Prozent vun de Stëmmen Verännerung Sëtz Verännerung
Chrëschtlech-Sozial Vollekspartei (CSV) EVP EVP-Fraktioun 22,71 % + 1,81 % 2 ±0
Lëtzebuerger Sozialistesch Aarbechterpartei (LSAP) SPE S&D-Fraktioun 21,72 % + 9,53 % 1 ±0
Demokratesch Partei (DP) ALDE Renew 18,29 % - 3,15 % 1 -1
Déi Gréng EGP Gréng/EFA-Fraktioun 11,76 % - 7,15 % 1 ±0
Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR) AECR 11,76 % + 1,72 % 1 +1
Piratepartei Lëtzebuerg PPEU 4,93 % - 2,78 % 0 ±0
Déi Lénk EL 3,15 % - 1.68 % 0 ±0
Fokus EL 1,60 % + 1,60 % 0 ±0
Volt Lëtzebuerg 1,04 % - 1,07 % 0 ±0
Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) 0.97% - 0,17% 0 ±0
Mir d'Vollek 0.85 % + 0.85 % 0 nei
Déi Konservativ 0,58% + 0,05% 0 ±0
Zesummen - d'Bréck 0,45 % + 0,45% 0 nei
Total 100,0 6

Source: elections.public.lu-->

Ageschriwwe Wieler nnnnnn; Zuel vun de Walziedelen nnnnn; Gëlteg Walziedelen nnnnn; Wäiss Walziedelen nnnnn. D'Sëtz ginn an enger éischter Auszielung un d'Parteie verdeelt. Eréischt da gëtt gekuckt, wéi d'Reiefolleg vun de Kandidaten an der Partei ass.

An dësem Fall war dat d'Partei nn1, nn2 an nn3 D'Reschtsëtzer goungen un D, E an F.[5]

Gewielt goufen

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Wale fir d'Europäescht Parlament 2024 (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr)Règlement grand-ducal du 26 octobre 2023 fixant au 9 juin 2024 la date des opérations électorales concernant le Parlement européen. data.legilux.public.lu (26.10.2023). Gekuckt de(n) 30.10.2023.
  2. (fr)Le Conseil confirme les dates du 6 au 9 juin 2024 comme dates des prochaines élections au Parlement européen. www.consilium.europa.eu (22.05.2023). Gekuckt de(n) 17.06.2024.
  3. (fr)Statistiques sur les candidats. data.public.lu. Gekuckt de(n) 04.06.2024.
  4. "Die Listennummern für die Europawahlen stehen fest." wort.lu, 11.04.2024.
  5. https://elections.public.lu/content/dam/elections/fr/elections-europeennes/2024/RECENSEMENT-GENERAL-2024.pdf